Taxisecteur Band

Taxisecteur Band
Play

Ëmmer méi Beräicher fanne lues awer sécher nees zréck zur Normalitéit. Den Taxisecteur awer bleift och ee Joer nom Ufank vun der Pandemie um Buedem. Ouni Geschäftsreesen, Touristen, Fester  an dem Nuetsliewen feelen ganz einfach Méiglechkeeten fir Brout ze verdéngen. Dës Woch huet d'Taxifederatioun dowéinst zesumme mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB e sougenannte Plan de maintien dans l'emploi ënnerschriwwen. Ma nieft dem Covid mécht nach eppes eppes ganz aneres dem Secteur Kappzerbrieches. Claude Zeimetz