Caritas Sozialalmanach BAND

Et war haut déi lescht Kéier, dat d'Caritas hier Sozialalmanach an där gewinnter Form publizéiert huet. Ewell zanter 15 Joer weist de Rapport op Mëssstänn an der Gesellschaft hin, a kënnt am Virfeld vun der Ried zur Lag vun der Natioun vum Premierminister eraus. D'Ried vum leschte Joer gëtt doran kommentéiert, an et gëtt op Inegalitéiten higewisen, a Solutiounen opgezeechent. Diana Hoffmann
