BAND Bilan CFL

D'Pandemie haat e staarken Impakt op d'Notzen vum ëffentlechen Transport. Mam Zuch sinn zejoert 42 Prozent manner Leit gefuer wéi dat nach 2019 de Fall war. Dat geet aus dem Joresrapport vun den CFL ervir. D'Pénktlechkeet par conter ass an d'Luucht gaangen. Monica Camposeo
