Policekontrollen Band

Eng Ronn 22.400 Kontrollen am Beräich Covid goufe bis elo vun der Police duerchgefouert. Dat sot den Direkter vun der Police Administrative Pascal Peters op enger Pressekonferenz de Moien. Ee véierel dovunner huet d'Anhale vum Couvre Feu betraff. Am ganze goufen eng Ronn 8.600 Avertissement Taxés a Convocatiounen ausgestallt. Diana Hoffmann
