Taxonomie vs Gréng Däitschland Band (Korrespondenz)

Virun engem Mount huet d'EU-Kommissioun eng Decisioun an der Taxonomie vun den Energie-Sourcen getraff, déi vu ville Säiten kritiséiert gouf.Konkret geet et em eng nei Andeelung vun de Critèren dofir, wat als nohalteg Energiequell zielt. Eng nei Propose vun der EU-Kommissioun gesäit fir, datt och Äerdgas an Atomkraaft als nohalteg Energie-Sourcen solle gëllen.Wei reagéiert di nei däitsch Regierung, an där di Gréng di zweetstäerkst Kraaft sinn, dorop? Well grad dës Partei hat de leschten Hierscht versprach, e “grénge Changement” an der Klimapolitik anzeleeden ...D’Claire Schmartz vu Berlin ...
