Mali

Frankräich zitt e Schlussstréch an huet de Moien d'Enn vu sengem Anti-Terror-Asaz am Mali annoncéiert. Vun engem Echec wëll de franséische President Emmanuel Macron näischt wëssen mä de Bilan no 9 Joer Militärasaz fält méi wéi moer aus. Wat dat fir d'Friddens- a Formatiounsmissiounen vun der UNO an der EU bedeit, un deenen och Lëtzebuerger Zaldoten bedeelegt sinn, ass fir den Ament nach onkloer. Eent ass sécher, d'Auswierkungen wäerten net ausbleiwen. Claude Zeimetz
