Sexuell an affektiv Gesondheet Band

Sexuell an affektiv Gesondheet Band
Play

Déi eege Sexualitéit ent-tabuiséieren. Iwwer verschidde Sujete wéi Genderstereotyppen, Pubertéit a Contraceptioun informéieren. Dat alles fält ënner de Begrëff vun der sexueller Erzéiung. Fir de Service vun der Education sexuelle et affective vum Planning Familial ass genee des Erzéiung wichteg, fir sech als Kand a Jugendlechen optimal ze entwéckelen. An d’Nofro ass grouss: 2021 goufen iwwer 8000 Persoune vum Service betreit, Tendenz no uewen.Sabrina Backes