Aktioun "gielt Band" Band

All Joer gëtt tonneweis zeidegt Uebst, dat an de Bongerten, de Gäert an op ëffentleche Plazen ënnert de Beem fault, verbëtzt. D’Aktioun „Gielt Band“ vum Landwirtschaftsministere an dem Syvicol agéiert géint des Liewensmëttelverschwendung. Ass een Uebstbam mat engem giele Band markéiert, dann ass d’Plécken erlaabt, esou guer erwënscht. Zejoert hunn eng ronn 40 Gemenge matgemaach. Gëscht gouf de Schëfflenger Bongert ageweiht.Sabrina Backes
