Lux-Innovation Band

Entreprisen fit fir d‘Zukunft maachen, sief et wann se sech wëllen vergréisseren, an innovativ Iddien wëllen investéieren, oder verschidden Prozeduren wëllen digitaliséieren. Dat huet sech d’Agence Luxinnovation virgeholl. Mat hire verschiddene « Fit 4» Programmer huet si zejoert iwwer 400 Betriber an iwwer 200 Start-Up’s ënnerstetzt. A genee des Programmer sollen och elo reforméiert ginn fir dass Entreprisen kënnen nach méi efficace schaffen, well si ënner anerem bei hirer digitaler Transitioun ënnerstetzt ginn.
