BAND Weltdag MS

Haut ass de Weltdag vun der Multipler Skleros - eng Krankheet, déi hei am Land tëschent 600 an 1.000 Mënsche betrëfft, 2,8 Millioune Leit weltwäit. D'Nervekrankheet ass net heelbar, kann awer duerch Traitementer deels ausgebremst ginn. Bei deene meeschte Leit gëtt se mat tëschent 20 a 40 Joer diagnostizéiert a Frae sinn 2 bis 3 mol méi dacks betraff wéi Männer. Zanter 40 Joer setzt d'Associatioun MS Lëtzebuerg sech fir déi Betraffen an - mir waren an hiren Day Center Um Bill kucken, wéi d'asbl schafft. Fanny Kinsch.
