BAND CCDH Platzverweis Avis

An der Lutte géint d'Drogekriminalitéit gëtt d'Regierung ëmmer méi repressiv - dee Constat huet déi consultativ Mënscherechtskommissioun de Moie gemaach, bei der Presentatioun vun hirem Avis zum Platzverweis. D'Méiglechkeet fir d'Poliziste fir Leit aus den Entréeë vu Wunnengen oder Commerce fort ze huele gouf am Kader vun engem Mesurekatalog géint den Drogekonsum an d'Drogekriminalitéit virgestallt. D'Gesetz u sech, ma och dëse Kontext mécht der Mënscherechtskommissioun Suergen. D'Fanny Kinsch mat den Detailer.
