Nato-Sommet BAND

Zwee nei Memberen an neit strategescht Konzept. D'Nato, déi virun dräi Joer vum franséische President Macron nach als "gehierdout" bezeechent gouf, presentéiert sech den Ament op hirem Sommet zu Madrid als sou staark a sou gëeengt wéi seelen. Russland gëtt elo als "gréisst en direkst Menace" fir d'Sécherheet, de Fridden an d'Stabilitéit vun den Alliéierten ugesinn. China als Erausfuederung. Bis viru Kuerzem huet d'Nato nach eng strategesch Partnerschaft mat Moskau ugestrieft. Ma wéi gewosst huet de Krich an der Ukrain d'Kaarten nei gemëscht. Claude Zeimetz
