70. Anniv. CECA: EU Commissioun um Knuedler BAND

1952, also virun 70 Joer war am Sall vum Stater Gemengerot um Knuedler déi éischt Sëtzung vun der CECA, der Communauté Européenne du Charbon et de l'Acier. D'CECA gouf nom 2. Weltkrich gegrënnt fir d'Produktioun vu Kuel a Stol an Europa ze reguléieren an huet de Wee fräigemaach fir en Integratiounsprozess, aus deem 1993 dunn d'Europäesch Unioun ervir gaangen ass. Am Kader vun deem Anniversaire war haut d'EU-Kommissioun op Visitt zu Lëtzebuerg an hat hir Sëtzung genee an deem Sall vun der Gemeng Lëtzebuerg. D'Claudia Kollwelter war fir eis mat dobäi
