Nei Recyclingtauxen fir Plastik a wéi Lëtzebuerg déi erfëlle wëll

Bis Enn 2025 musse 50 Prozent vun de Verpackungsoffäll aus Plastik recycléiert ginn. Dat gouf op europäeschem Plang decidéiert an zu Lëtzebuerg entspriechend an d'Gesetzgebung iwwerholl. 2018 sinn hei am Land awer just 32,4% Plastiksverpakunge recycléiert ginn. Gläichzäiteg sinn awer 9.500 Tonnen an der groer Haushalts Tonn gelant. Alles an allem bedeit dat, dass och hei zu Lëtzebuerg kéint en Effort gemaach ginn, fir nach méi Plastik ze recycléieren. Maxime Gillen.