Presentatioun vun der neier Kanner- a Jugendpsychiatrie um Kierchbierg

Presentatioun vun der neier Kanner- a Jugendpsychiatrie um Kierchbierg
Play

D'Jugendpsychiatrie vun den Hôpitaux Robert Schuman am Spidol um Kierchbierg gëtt vergréissert. Dat vun 23 op 30 Better plus 20 Plazen an der Dagesklinik. Dofir gëtt aktuell en neit Gebai gebaut, dat nächst Joer soll fäerdeg ginn. E Gebai, dat wesentlech besser adaptéiert wäert sinn, fir eng adequat Kanner- a Jugendpsychiatrie ze bedreiwen, esou déi Responsabel vum Projet. Ma nieft der Infrastruktur, brauch een natierlech och dat néidegt Personal. Maxime Gillen.