Wéi affektéierten d'Corona-Mesuren den Aarbechtsalldag aus juristescher Siicht?

Quarantän an Isolatioun. Schaffe vun doheem aus a social distancing um Büro. Déi sanitär Kris beaflosst d'Aart a Weis wéi geschafft gëtt an doduerch entstinn aarbechtsrechtlech gesi juristesch Onsécherheeten. Zesumme mam Expert fir Aarbechtsrecht dem Affekot Guy Castegnaro huet de Pierre Jans no de richtegen Äntwerte gesicht.