5 Joer Terrorattacken zu Paräis

Et ass e Joresdag, deen den Trauma vun enger ganzer Natioun nees wakereg mëscht. Den Owend vum 13. November 2015 haten 3 Terrorkommandoen vum IS de Futtballstadion Stade de France, de Concertssall Bataclan, ewéi och Restauranten a Caféën zu Paräis iwwerfall. 130 Persoune goufen ëmbruecht, eng 350 goufe blesséiert. Et war déi uergsten Uschlag-Serie an der franséischer No-Krichsgeschicht. Den Tim Morizet kuckt fir eis haut zeréck an eng all ze rezent Vergaangenheet.