Uni.lu: d'Zukunft vun der Simulatiounsunitéit

Uni.lu: d'Zukunft vun der Simulatiounsunitéit
Play

An der medezinescher Formatioun gëtt ëmmer méi Wäert drop geluecht, datt Studenten a jonk Spezialisten fir d'éischt op engem Apparat kënne léieren, ier se a Kontakt mam mënschleche Kierper kommen.
Op der Uni.lu, wou den Ament de medezineschen Enseignement opgebaut gëtt, sinn dëser Deeg Firmen op Besuch, déi esou Simulatiounsgeräter virstellen. Och zu Lëtzebuerg gëtt nämlech grousse Wäert op eng ambitiéis Simulatiounsunitéit geluecht, Dany Rasqué.