RTL-Journalist Petz Bartz kritt Amnesty Mediepräis

Op dëser Plaz dierfe mer haut eisem Kolleeg vun der Tele Petz Bartz gratuléieren - hie gouf fir säi Reportage "Blockéiert um Balkan" mam Mediepräis vun Amnesty International Lëtzebuerg ausgezeechent. Fir de Reportage, deen am Januar dëst Joer diffuséiert gouf, war de Petz Bartz op der bosnesch-kroatescher Grenz an huet schwéier Verstéiss géint d'Mënscherechter documentéiert. D'Fanny Kinsch huet mat der Equipe hannert dem Reportage geschwat.