Covid-Test: och fir Leit aus prekäre Verhältnisser

Et gi Leit an eiser Populatioun déi net vum selwe kënnen um Large Scale Testing op de Coronavirus deelhuelen. Dofir hunn déi Professionell aus dem Santésberäich zesummen decidéiert op Leit déi an der Prekaritéit sinn – Laangzäitaarbechtsloser, Jonker a Schwieregkeeten, Leit ouni Pabeieren an Drogesüchteger – duerzegoen. Dës ganz Woch kënnen déi concernéiert Leit sech op 8 verschiddene Plaze bei verschiddenen Hëllefsorganisatiounen teste loossen. Pierre Jans