Christmas Tour à la LLJ

Wéi erliewen d’Baueren d’Covid Krise? Wat fir Léiere soll d’Politik, dem Secteur no, aus dëser Situatioun zéien? Am Kontext vun der “virtueller” Foire Agricole war dëst Joer drop higewise ginn, dass de Konsument, wann en d’Viirdeeler vun der regionaler a lokaler Vermaartung gesäit, dann och dorop zréck gräift. Dat war während dem Confinement effektiv de Fall, wier awer, vu Säite vum Client, zimlech séier nees vergiess ginn...seet de Secteur. D’Landjugend an d’Jongbaueren maachen iwwermuer op hier lëtzebuerger Produkter opmierksam – an dat am Kader vun enger Aktioun, déi all deene soll e bësse Freed man, déi iwwer d’Chrëschtdeeg a Kliniken, Alters-, a Fleegeheemer liewen a schaffen...d’Monique Kater iwwer en emol ganz aneren “Chrëschdags-Kortège”...