Aweiung vum neie Flüchtlingszenter

Op der Arelerstrooss ass an de leschte 15 Méint e fuschneie Centre de primo-accueil entstanen.
Eng Plaz, wou Demandeurs de Protection internationale no hirer Arrivée zu Lëtzebuerg e provisorescht Doheem kréien.
D'Struktur mat 251 Better ersetzt deen aktuellen Centre de primo-accueil an de Lokaler vun der fréierer Logopedie zu Stroossen a gouf de Moien -ënnert anerem- der Presse virgestallt. Dany Rasqué