Impfcampagne am Spidol um Kierchbierg

Impfcampagne am Spidol um Kierchbierg
Play

An de Spideeler uechter d'Land sinn dës Woch déi éischt Liwwerung vu Corona-Impfung ukomm, mat deenen d'Personal ka geimpft ginn. Am Spidol um Kierchbierg ginn zanter de Moien 9 Auer Mataarbechter geimpft, bis zu 96 Persoune kënnen den Dag drukommen. 120'000 Euro goufen investéiert, fir déi néideg Infrastrukturen opzebauen. D'Fanny Kinsch war sech ukucken, wéi d'Impfstatioun organiséiert ass.