Regierung bleift bei der Meenung: Tanklager zu Mäertert soll net ausbaut ginn!

"D'Regierung bleift bei hirer Meenung datt d'Tanklager zu Mäertert net sollen ausgebaut ginn." Dat betount den Transport- an Infrastrukturminister François Bausch nodeems et op en neits Polemik am Dossier Mäerter Hafen gouf. An senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV Deputéiert Octavie Modert huet de Minister deen Ausbau op en neits ernimmt, wat beim Buergermeeschter vu Gréiwemaacher fir Roserei an Erstaunen gesuergt huet, Claudia Kollwelter