petitiounen.lu: den neien Site vun der Chamber exklusiv fir Petitiounen

Petitiounen.lu : esou heescht deen neien Internetsite vun der Chamber, deen exklusiv fir d'ëffentlech an ordinär Petitioune reservéiert ass. D'Informatiounen um Site sinn a véier Sproochen disponibel. Um neie Site wär et elo méi einfach Petitiounen ze deposéieren an d'ënnerschreiwen, sot d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt de Moien op enger Pressekonferenz. De Pierre Jans war fir eis do.