"Luxembourg in Transition": 6 Projeten zeréckbehalen

Bis 2050 wëll Lëtzebuerg d'CO2-Emissiounen op 1 Tonn Pro Awunner pro Joer reduzéieren. Eng grouss Aufgab, well den Ament läit ee bei tëschent 15 an 20 Tonne Pro Awunner, seet de Landesplannungsminister Claude Turmes. Et géif een elo schonn Efforte maachen: Haiser isoléieren, an erneierbar Energien, Electromobilitéit, Zuch an Tram investéieren, ma dat géif net duergoen. Dofir ginn iwwert "Luxembourg in Transition" nei Iddie gesicht. Vun 30 Kandidature goufen der 6 zréckbehalen. Wéi gesinn déi Projeten aus a wat sinn déi nächst Etappen? D'Fanny Kinsch huet beim Landesplannungsminister nogefrot.