Europäesch Impfstrategie: Kommissioun gëtt Feeler zou

Et war richteg de Covid-Vaccin als Europäer zesummenzebestellen, dat huet d'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen haut widderholl, no hefteger Kritik déi lescht Wochen an Deeg un der europäescher Impfstrategie. Am Europaparlement huet déi fréier däitsch Ministesch awer och zouginn, datt Feeler gemaach goufen. Et wier een spéit ugewiescht bei der Zouloossung, ze optimistesch bei der Masseproduktioun an ze sécher, datt dat wat bestallt gouf, och geliwwert gëtt. Dorausser wéilt een elo Léieren zéien. Claude Zeimetz