Obligatoreschen Covid-Check Regime vum 18. Oktober un

Nei Mesurë am Horeca-Secteur am Kampf géint de Covid. Mat deem neie Covid Gesetz, dat an 10 Deeg a Kraaft trëtt, gëtt de Covid-Check-Regime am Horeca-Beräich a bei Fräizäitaktivitéiten dobannen obligatoresch. Jiddereen deen net geimpft ass, oder kann noweisen no enger rezenter Covid-Infektioun erëm gesond ze sinn, muss en Schnell- oder PCR-Test virleeën. Ma dat ass net alles wat changéiert huet. D'Schrauf gëtt nach weider bäigezunn. Diana Hoffmann