Hëllefe fir Artisten an Intermittents du spectacle ginn adaptéiert

D'professionell Artisten an d'Intermittents du spectacle kënne vum Staat finanziell gehollef kréien, dat wa bei hinne mol net sou vill Aktivitéit ass.
De Regime vun den Aidë gëtt lo adaptéiert. D‘Ziel ass ënner anerem eng Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen an d‘Promotioun vun der Professionaliséierung.
Déi gréng Kulturministesch Sam Tanson huet d'Changementer de Moie presentéiert.