Deputéiert lancéiere keng Initiativ fir e Referendum fir d'Verfassungsrevisioun

D'Petitioun 2007 an där en Referendum fir d'Verfassungsrevisioun gefuerdert gëtt, hat de Quorum deen et fir eng ëffentlech Unhéierung an der Chamber brauch bannent kuerzer Zäit mat 18.645 Stëmmen däitlech iwwerschratt. De Mëtteg koumen di Deputéiert an der Chamber majoritär zu der Conclusioun fir net selwer eng Initiativ ze lancéiere fir e Referendum ze maachen. Diana Hoffmann