Gewaltbereet Impfskeptiker maachen just e klengen Deel vun der Gesellschaft aus

D’ Biller vun der Manifestatioun leschte Samschdeg an der Stad sinn eis all nach am Kapp. Och datt e klengen Deel vum Grupp randaléiert huet, an op hire Schëlder d’Covid-Mesurë mam Holocaust oder dem Naziregimm verglach huet. Mee wien sinn déi Impfgéigner a wat beweegt sinn dozou sech net impfen ze loossen? A wéi soll d’Regierung oder och den eenzele Bierger op Impfgéigner reagéieren?
D'Sabrina Backes huet mat enger Fueschering am Beräich "Effentlech Gesondheet" vun der Uni Lëtzebuerg doriwwer geschwat