Stefan Braum: "Impfflicht ass dat gëeegent Mëttel aus der Pandemie eraus"

An de leschten Deeg a Wochen hunn sech ëmmer méi Experte fir eng Impfflicht géint de Corona-Virus ausgeschwat. Dës Woch soll en Debat doriwwer an der Chamber gefouert ginn. Et bräicht dës Diskussioun an déi an der breeder Ëffentlechkeet, seet de Professer fir Strofrecht op der Uni Lëtzebuerg, de Stefan Braum am Interview mam Caroline Mart. Froen di sech stelle wieren, wa mer eng Impfflicht wéilten, ënner wéi enge Viraussetzungen a wat di méiglech Folge fir d’Gesellschaft kéinte sinn. D’Diana Hoffmann resuméiert.