Ännerungen bei de Quarantäne-Regelen an der Schoul

An de Schoulen ginn nei Regelen applizéiert, wann et zu positive Fäll an enger Klass kënnt. Eng generell Quarantäne vu Kanner a Jonker, déi a Kontakt mat engem positiv getesten Matschüler haaten, soll et net méi ginn. Ganz esou einfach ass et dann awer net. Et gi nämlech verschidde Kritären. D'Monica Camposeo huet am Escher Lycée Hubert Clement nogefrot, wéi déi nei Regelen ukommen.