Monarchie: 2 Joer nom Waringo-Rapport

Viru genee 2 Joer krut de Premier Xavier Bettel de Rapport vum Jeannot Waringo iwwert de groussherzoglechen Haff.
Domadder sollt een Aperçu gemaacht ginn iwwer d'Gestioun vun de Finanzen vum Haff. Am Fokus virun allem d'Personalkäschten. An effektiv war am Rapport och vu villen Departen ënnert de Mataarbechter, groussem Drock a Vermëschung vu Privatem an Ëffentlechem ze liesen.
Zanterhier huet sech sou munches gedoen, notamment gouf d'Maison du Grand-Duc geschaafen. Ma de Posten vum Maréchal de la Cour steet den Ament awer op. D'Monica Camposeo huet e puer Reaktiounen agefaangen.