Ëmstridden Olympesch Wanterspiller zu Peking

Ëmstridden Olympesch Wanterspiller zu Peking
Play

D‘olympescht Feier brennt. D‘Wanterspiller zu Peking sinn haut offiziell lancéiert.
Et ass awer en héich ëmstriddent an emotional opgeluedent Sportsevenement. China ass direkt mat zwee grousse Reprochen konfrontéiert. Et géif Mënscherechter mat Féiss trëppelen. An d‘Ëmwelt zerstéieren.
D’USA, Groussbritannien an eng Partie aner Länner boykottéieren d’Spiller carrement, andeems se zwar Sportler mä keng politesch Vertrieder op Peking schéckt. Aner Länner, dorënner Lëtzebuerg di sich an där Situatioun schwéier, kloer Stellung ze huelen, Pierre Jans.