Wellebriecher Vulnerabel Leit

Wellebriecher Vulnerabel Leit
Play

Si gehéieren zu deenen déi trotz de geplangten Ouverturen am neie Covidgesetz riskéieren net sou einfach zréck an d'Normalitéit kënnen, well hiren Immunsystem manner gutt op d'Covidimpfung usprécht a si weider riskéieren e schwéiere Verlaf  ze hunn. Héich vulnerabel Persounen, déi immunsuppriméiert sinn oder Medikamenter mussen huelen déi den Immunsystem erofdrécken. D'Santé huet gëscht annoncéiert, datt dës Leit eng véiert Impfdosis kréie kënnen. An der  neister Editioun vum RTL-Podcast Wellebriecher stinn si am Mëttelpunkt. Claude Zeimetz