CCDH widderhëlt Fuerderung fir allgemengt Liwwerkettegesetz

CCDH widderhëlt Fuerderung fir allgemengt Liwwerkettegesetz
Play

Et ass leider eng Realitéit an déi meescht Leit wëssen et guer net: d‘Chance dass Blutt un hirem Smartphone pecht, ass net kleng. D‘Materialer déi an deem alldeeglechen Apparat verschafft sinn, kommen dacks aus Konfliktregiounen, wou Mënscherechtsverletzungen un der Dagesuerdnung stinn.
D‘Lëtzebuerger Mënscherechtsorganisatioun fuerdert scho laang en allgemengt Liwwerkettegesetz, dat all d‘Entreprisen obligéiert, ze iwwerpréiwen, wou d'Produiten hir kommen. Aktuell gëtt et just e Projet de Loi mat limitéierter Reechwäit. Pierre Jans