OGBL Equality – Etude Fraen op der Aarbechtsplaz

D’Begrëffer Sexismus oder sexuell Belästegung op der Schaff ëmfaassen eng Rei vun Aktiounen : Vun opdréngleche Remarke bis zu Beréierungen oder och Vergewaltegung. Enger rezenter Etude no vun der Equality, dem Fraen-Departement vum OGBL, si 46% vun de Frae schonn Affer vu Sexismus op der Aarbechtsplaz ginn. 19% hunn ugi scho sexuell belästegt ginn ze sinn. Heifir goufe 684 Fraen, déi Member am Syndikat sinn, gefrot.
Sabrina Backes