Liser-Etüd: Pandemie huet Fraen a Männer ënnerschiddlech getraff

D'Coronapandemie hat en ënnerschiddlechen Impakt op Fraen a Männer... wärend Männer statistesch gesinn e méi héije Risiko vun engem schwéiere Verlaf haten, krute Fraen déi sozio-ekonomesch Konsequenze méi staark ze spieren. Dat geet aus enger neier Etüd vum Fuerschungsinstitut Liser am Optrag vum Chancëgläichheetsministère ervir. Fanny Kinsch.