TNS-Ilres: Grouss Suerg virun engem 3. Weltkrich

De Krich an der Ukrain mécht de Lëtzebuerger nawell ganz ferm Suergen. 68 Prozent fäerten, dass duerch dëse Konflikt een Drëtte Weltkrich kéint ausgeléist ginn an souguer bal 90 Prozent rechnen mat enger europäescher Wirtschafts- a Finanzkrise. Dat geet ervir aus dem neisten Sondage vun TNS-Ilres am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort. Donieft fillen sech ganz vill Leit emotional belaascht, Annick Goerens