D’Waasserversuergung an der Stad qualitativ ewéi och quantitativ verbesseren

Een Dag vierum Int. Wasserdag huet d’Stater Gemeng haut iwert d’Alimentatioun mat Drénkwaasser a vun der Kanalisatioun de Bilan gezunn. Am grousse Ganze fält dëse positiv aus. De Waasserverbrauch ass net erop gaangen an dat obwuel d’Awunnerzuelen zanter Jore klammen. Zil ass et a nächster Zäit d’Versuergung souwuel qualitativ ewéi och quantitativ ze verbesseren.
Sabrina Backes