De Joresbilan vun Amnesty weist op vill Mësstänn hin

Eng ongerecht Verdeelung vum Vaccin, schlecht Zoustänn an de Flüchtlingslageren oder och systematesch Ënnerdréckung vu Regierungskritiker. Dëst sinn nëmmen e puer vun den Observatiounen, déi d’ONG Amnesty International am Joer 2021 uechter d’Welt gemaach huet. Des hunn si an hirem Raport annuel festgehalen, deen d’Mënscherechter an 154 Länner ënner d’Lupp geholl huet. Sabrina Backes.