Fléitzen ass nätzen ouni Schlauch

All Land huet seng speziell Traditiounen – Jamaika de Reggae, d’Finnen d’Sauna an d’Belsch de Béier! Vun eis stinn d'Haupeschbléiser an d’Spranngpresessioun op däer internationaler Lëscht, national ginn och nach d'Fouer an d'Klibberen zb als wichteg lëtzebuerger Gebraich ugesinn. Lëtzebuerg huet elo 3 weider Kandidaturen agereecht fir vun der Unesco als Patrimoine immatériel unerkannt ze ginn! Dat sinn: d’Hiewans-Konscht, d’Wanderschéiferei an d’Fléitzen. Wa bei deenen 2 éischten de Numm scho seet, ëm wat et geet, ass d’Wuert Fléitzen dach éischter onbekannt – fir den 1. Deel vun eiser Serie iwwer de Patrimoine war d’Danielle Goergen sech dës Praxis op Esch-Sauer ukucken, a gouf direkt am Ufank vun engem spezielle Geräisch iwwerrascht…