Serie Patrimoine: Villa Pauly

An eiser Patrimoine Serie geet et Haut an d' Stat. D'Villa Pauly ass en ikonescht Gebai. Gläichzäiteg awer en trauregt Symbol vun der Nazi Occupatioun zu Lëtzebuerg. De fréiere Sëtz vun der Gestapo ass fir vill Lëtzebuerger nach ëmmer mat grujelege Biller verbonnen. Haut gedenkt d’ Gebai um Boulevard de la Pétrusse den Affer a soll, wéi vill aner Sitten hei am Land, duerch eng nei Tourismusstrategie méi valoriséiert ginn. Danielle Goergen