Mosaik vu Viichten

Et ass eng vun de spektakuläersten archeologeschen Decouverte déi hei am Land gemaach goufen. E Bauer war 1994 op sengem Haff zu Viichten op e réimesche Mosaik gestouss, deen Haut am Staatsmusée ausgestallt ass. De Rescht vun der Réimer-Villa läit awer nach ëmmer ënnert dem Buedem. Elo gehéiert den Terrain dem Staat. Dat no bal 30 Joer. D’ Danielle Goergen kuckt am 5ten Deel vun eiser Patrimoine Serie mat zwee Experten op dës aussergewéinlech Entdeckung zeréck.