Top Secret: Adlergrund: Zäitzeien aus der Stolindustrie

Am Bësch op der Lëtzebuerger-franséischer Grenz stinn nach Ruinen aus fréieren Zäiten, wou d’Stolindustrie d’Landschaft am Süde vum Land dominéiert huet.

Am Top Secret gi mer op Réiden hei vir a Frankräich en ale Silo kucken, wou d’Minett gelagert gouf, déi fréier Gare vun "Réiden Adlergrund", an den Zuch-Tunnel tëscht Réiden an Audun-le-Tiche, dee 400 Meter laang ass. Ruinen aus fréieren Zäiten, déi och haut nach vill ze erzielen hunn.