„Ziel mir keng!“: Wat bréngt Genderen?
D’Thema gendersensibel Sprooch gëtt ganz kontrovers diskutéiert. Ma zu wat gëtt et wëssenschaftlech Erkenntnisser, zu wat net?
RTL lancéiert zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche en neit Format: „Ziel mir keng!“ E science.lu check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu
D’science.lu-Team recherchéiert de Stand vun der Wëssenschaft zu verschiddenen Themen: Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?
Thema vun der dëser zweeter Episode: Wat bréngt Genderen?
Fir de Bäitrag huet d’Equipe vu science.lu ë. a. recherchéiert, ob Sprooch, oder méi konkreet Genderen, eist Denke beaflosst? A wat Vir- an Nodeeler vum Gendere sinn.
Weider Informatioune zum Thema ginn et och op science.lu: https://science.lu/fr/sciencelu-check/ziel-mir-keng-wat-brengt-genderen