„Ziel mir keng!“: Wéi geféierlech ass Cannabis?

Ënnert anerem zu Lëtzebuerg gëtt jo iwwer eng Legaliséierung vu Cannabis diskutéiert. Ma wéi geféierlech ass Cannabis da lo? A wat bréngt eng Legaliséierung?

Bei dësem Thema ass hei wichteg dräi Aspekter auserneenzehalen, déi heiansdo am Débât matenee vermëscht ginn:

1. Ob Cannabis e medezineschen Notzen huet?
2. Ob Cannabis fir de Fräizäitgebrauch schiedlech ass?
3. Wéi een Effekt eng Legaliséierung vu rekreativem Cannabis huet?

D’Equipe vu science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) huet sech dozou lauter wëssenschaftlech Studien an Daten ugekuckt a faasst den aktuelle Kenntnisstand an dëser drëtter Episode vum “Ziel mer keng!” zesummen. Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?

RTL huet dëst neit Format zesumme mat science.lu vum FNR lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu