„Ziel mir keng!“: Ginn et wierklech ëmmer manner Insekten?

An de Medien ass sait e puer Joer vu massivem Insektestierwe riets. Ass d’Situatioun wierklech sou dramatesch? A wat wieren negative Effekter vum Insektestien?

Et gouf an de leschte Joren ëmmer erëm Noorichten iwwert Insektestierwen. An et ginn och Leit déi behaapten, datt si ëmmer manner Insekten op hirer Autosfënster pechen hunn.
Ma ginn et weltwäit wierklech ëmmer manner Insekten? A wat kéinten negativ Effekter vum Insektestierwe sinn?
D’Equipe vu science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) huet sech dozou lauter wëssenschaftlech Studien an Daten ugekuckt a faasst den aktuelle Kenntnisstand an dëser véierter Episode vum “Ziel mir keng!” zesummen. Wat weess d’Wëssenschaft, a wat weess se net? A wéi kann een de Stand vun der Wëssenschaft anuerdnen?
RTL huet dëst neit Format zesumme mat science.lu vum FNR lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu