„Ziel mir keng!“: Ass Mikroplastik e Problem?
Et héiert een ëmmer erëm vu Mikroplastik – et wär es an de Mierer, an de Biberonen a souguer an eisem Blutt. Mee ass dat e Problem?
Dat Plastik e Problem fir eis Ëmwelt ass, kenne mer vu Biller vu Fësch oder Vigel, déi Plastik am Bauch hunn. Mee dat meescht wat een do gesäit ass kee Mikroplastik. Mikroplastik si winzeg kleng Plastikdeelecher oder -faseren, déi méi kleng wéi 5mm sinn, an dacks Iwwerreschter vu Plastik aus eisem Alldag. An där fënnt een tatsächlech iwwerall an deelweis zimmlech vill.
Fuerscher hu Mikroplastik net nëmmen an de Mierer an a sengen Déiere fonnt, mee iwwerall wou se gekuckt hunn: an de Flëss, am Buedem, an der Loft, am Schnéi an den Alpen, an der Antarktis, an och an e puer Liewensmëttel.
An iwwert eis Ëmwelt kënnt de Mikroplastik och an eise Kierper. Mir ootmen es an a schlécken es of. Mee ass dat schlëmm? D’Equipe vu science.lu huet fir des Episod vun „Ziel mir keng!“ recherchéiert, wat d’Fuerschung schonn zu den Effekter vu Mikroplastik weess – a wat nach net.
RTL huet dëst Format zesumme mat science.lu vum Fonds National de la Recherche (FNR) lancéiert: e Science-check zu gesellschaftlech relevante Sujeten op RTL Telé, RTL Play, science.lu an der science.lu Youtube-Sait: https://www.youtube.com/c/ScienceLu